
© Eldoradio
Dëst Joer ass et genee 20 Joer, zënter deem eng vun de wuel bekanntsten a wichtegste Konsolen erauskoum, déi bis dohinner op de Marché koum. Et war virun allem eng Konsol, déi d’Dieren opgemaach huet fir vun 2D an d’Welt vun der 3-Dimensionalitéit iwwerzegoen. Riets geet natierlech vun der éischter Konsol vun Nintendo, déi 3D Grafik konnt ofspillen, nämlech d’Nintendo 64.
Wisou d’Nintendo 64, Nintendo 64 heescht, missten déi meeschte Leit wëssen. D’Zuel 64 bezitt sech op d’Bit-Zuel déi et erméiglecht, Spillinhalter am 3D duerstellen ze loossen.
Virdrun hunn d’Konsole mat nëmmen hallef sou vill Bits geschafft, ënnert anerem déi éischt Playstation an d’Sega Saturn. Hei war eng 3 Dimensionalitéit zwar schon machbar, allerdéngs huet dëst dacks alles anescht wéi gutt ausgesinn a war éischter en 2Dimensionalitéit, déi den Androck gemaach huet, wéi wann et 3 Dimensioune géif ginn, also eng Déift.
Majo d’Nintendo 64 huet dëse Sprong mat senge 64 Bit awer perfekt gepackt, sou dass d’Fans natierlech bal verréckt gi sinn, wéi se d’Grafik vu Mario 64 gesinn hunn. Fairerweis muss een awer soen, dass d'Nintendo 64 net déi éischte Konsol war, dat mat esou vill Bits geschafft huet. Och d’Atari Jaguar huet dëst schon gemaach, war allerdéngs bei wäitem net mat der Grafik vun Nintendo ze vergläichen.
E weidere groussen Ënnerscheed bei der 64 waren d’Kassetten. Obwuel d’CD’en an dëser Zäiz geboomt hunn, huet de japanesche Konstrukteur awer weiderhin seng Spiller op "Cardridges", also Kassetten erausbruecht… Ganz an der Traditioun vun NES, Gameboy a Super Nintendo.
De Virdeel louch op der Hand: d’Luedzäite ware praktesch net existent, eppes dat ee bei CD’en während där Zäit hallef wahnsinneg gemaach huet. De Nodeel war déi am Verglach kleng Späicher-Kapassitéit an déi héich Produktiounskäschten.
Mam 3D ass och den Analog Stick komm, an d’Nintendo 64 war déi éischt Konsol, déi esou eng Manette matgeliwwert huet. Dat ganzt gesäit wéi en 3 Zack aus, deen no ënner wäisst, mam analoge Mini-Joystick an der Mëtt. Och Knäppercher fir d’Kameraperspektiv ze wiessele sinn hei inclus. An da gouf et jo nach de Rumblepack. Dës Stéck krut ee beim Spill Lylat Wars dobäi an huet d’Manette vibréiere gelooss… Eppes dat jo haut eng Normalitéit bei Manetten ass.
Virun allem awer si fir dës Konsol eng Abberzuel un exzellente Spiller erauskomm, Spiller, déi haut nach ëmmer en Impakt op d’Leit an d’Gamingwelt hunn. Dozou komme mer dann an eisem 2 Deel iwwert d’Nintendo 64.
243 Spiller ginn et fir d’Nintendo 64… Jo et muss een zouginn, net all Spill ass eng Glanzleeschtung, awer dofir ginn et dogéint och richteg richteg gutt Spiller. Natierlech ass dat ganzt relativ subjektiv, mee ech mengen bei enger Rei Spiller kënnt een awer schon op e gemeinsamen Nenner…
Eent vun den éischte Spiller dat ech fir d’Nintendo 64 gespillt hunn war zum Beispill Bomber Man 64. Virdru gouf et d’Spill jo schon fir aner Konsolen natierlech, mee dës Versioun huet mech deemools direkt iwwerzeegt, virun allem de Multiplayer Mode deen engem stonnelaang Spillspaass mat Frënn a Kollege bruecht huet.

Dann sinn awer och eng Rei ganz gutt Star Wars-Spiller erauskomm. An Erënnerung ass mer hei virun allem Shadows of the Empire bliwwen. Fir Fans en absolute MUST. Dann war et jo och de Pokémon-Féiwer deen déi Jonk Enn de 90er Joren, Ufank den 2000er gepaakt huet.
Do wéinst missten engem och nach Spiller wéi Pokémon Snap oder Pokémon Stadium e Begrëff sinn. E Spill dat méch perséinlech dann erëm komplett iwwerzeegt hat, war Yoshi’s Story, also de Nofolger vu Yoshi’s Island fir d’SNES. Rennspiller wéi Diddy Kong Racing oder Mario Kart 64 dierfen natierlech och a kenger Sammlung feelen, well hei virun allem erëm de Multiplayer zum Virschäi kënnt.
E ganzt speziellt Spill, dat och haut nach ëmmer en Effekt op d’Spillwelt huet, ass de Jump and Run – Plattformer Banjo Kazooie an natierlech och de Nofolger, Banjo Tooie. D’Spill Yooka Laylee, dat jo virun e puer Méint erauskoum fir d’PS4 ass jo näischt anescht, wéi Banjo Kazooie, just mat anere Characteren… Soss ass alles nach beim alen.
E Spill dat och mat der n64 fir déi éischte Kéier opgedaucht ass, ass Mario Party, e Partyspill fir bis zu 4 Kollegen, wou ee gutt a gär dono net méi sou gutt mateneen ass..
Mat zu deene beschte Spiller zielen awer ganz kloer Zelda Majora's Mask an natierlech Ocarina of Time,Golden Eye 007, Lylat Wars 64 an ouni Zweiwel Super Mario 64. Dëst Spill huet ouni ze iwwerleeë wuel ee vun de gréissten Impakter an der Gamingwelt hannerlooss. Mario 64 ass eent vun deene wéinege Spiller wou wierklech näischt auszesetzen ass.
Schlussendlech ginn et awer och News a Punkto No Man's Sky Update... Mëttlerweil soll et dra si mat anere Spiller de Weltraum ze erfuerschen.
