HighscoreEng Manette déi Péng simuléiere kann?

Mam Kontrast tëscht Wäermt a Keelt wëll ee Péng bei Videospiller simuléieren! Do dernieft geet et awer och ëm Aggressiounen a Gewalt beim Gaming!

Leschten Update: 11.10.2017, 20:32:44

© Eldoradio

Dëse Méindeg war d’Svenia, eng Streamerin an der Sendung Highscore, an hei ass et direkt ëm e neie Kontroller gaangen dee soll an der Entwécklung sinn. Natierlech keen hondsgewéinleche Kontroller, mee een deen anscheinend Péng simuléiere kann.

Klengt e wéineg verréckt, ass et och e wéineg...

Ass virtuell Realitéit mat Péng um kommen?




Weider goung et da mat engem Thema, dat bal sou al ass wéi Videospiller selwer, nämlech Gewalt an Aggressioune bei Videospiller.

Ass dat eppes geféierlech, gehéiert dat dozou oder ass et vläicht souguer grad e Ventil fir mol Damp ofzeloossen? Méi dozou kënnt der hei nolauschteren:

Aggressivitéit a Gewalt bei Videospiller!


A well d’Svenia net nëmmen eppes vum Gaming versteet mee och ënnert anerem responsabel ass fir deen neie Waasserparkprojet, dee soll zu Lëtzebuerg geplangt ginn, gouf natierlech och kuerz heiriwwer geschwat.

Well wéi mer gewuer gi si brauch d’Aqualux-Team mëttlerweil e puer Persounen déi bei der Realisatioun mathëllefe kéinten. Wanns du wëlls Deel vun der Equipp eventuell ginn, da lauschter mol eran:

D'Svenia streamt net nëmmen, mee plangt och e Waasserpark!