Am Highscore um Mëttwoch geet et ëm e grousst Tournéier dat am Kader vun der Gamescom am Clash Royale organiséiert gouf. An hei war niewent der internationaler Elite och e Lëtzebuerger dobäi.
D’ESWC, also d’E-Sports World-Convention huet dëst Joer fir déi éischte Kéier op der Gamescom en international Turnéier am Clash Royale organiséiert. Dat ganzt ass jo amfong en Online-Spill fir de Smartphone, ma gëtt awer schonn zënter enger Zäitchen op competitivem Niveau gespillt. Dat ganzt war den 24. August an den Yves Kurek, also déi Lëtzebuerger Participatioun gouf dann sur Place vum Fabio vun 11 F encadréiert.
Wann een bedenkt, dass déi meeschte Spiller dat ganzt professionell maachen an e richtegen Veräin hannert sech hunn, ass eng 9. Plaz eng excellent Plazéierung. Den Yves, deen déi éischte Kéier op engem Turnéier vun deem Format war, war natierlech e wéineg nervös am Ufank.
Op sou engem héijen Niveau ass et dann virun allem wichteg seng Géigner ze kennen an och dat sougenannten Meta-Spill, also d’Trends déi fir den Ament am Clash Royale gespillt ginn.
Cut 3
Iwwregens wäert dat ganz top der Paris Games Week nach eemol widderholl ginn, dat dann an engem nach méi groussen Kader. An och hei wäert 11F erëm d’Qualien fir Lëtzebuerg organiséieren.