HighscoreD'NES Mini Classic geet nees a Produktioun

Kuerz virun Release vun der neier SNES Mini Classic koum d'Nouvelle, dass d'NES Mini Classic, déi jo vergraff war, erëm noproduzéiert gëtt.

Leschten Update: 14.09.2017, 11:45:44

© youtube

Ën Dënschdeg koum d'Nouvelle, dass d'Nintendo d'NES Mini Classic, déi jo vergraff war, nees op de Marché kënnt. Ganz konkret soll d'Konsol erëm am Summer 2018 erëm an eis Supermarchéë kommen. 

Natierlech kënnt do virdrun awer déi nei SNES Mini Classic eraus, wou jo virun allem den 2. Deel vu Star Fox déi eng oder aner Fans an Opreegung versetze wäert. D'SNES kënnt jo den 29. September eraus. 

Dass et relativ onpassend Pushen, oder besser gesot, Push-Konstellatiounen ginn, dat beweist e Beispill aus den USA. Hei huet nämlech d'App "Pokémon Go" recommandéiert während dem Stuerm Irma eraus an de Park ze goen, fir Pokémon ze fänken.





An dann wäert eng nei Xbox One S - Chainsmokers-Edition erauskommen. Dat speziellt dorunner ass virun allem niewent dem Design, dass d'Konsol d'Faarwen änneren kann an souguer 3D-Effekter hierstelle kann.