HighscoreAmiga an C64, d'Pappen vun de Spill-Konsolen

Ier et Konsole wéi Nintendo, Sega oder Playstation goufen, hunn d'Heemcomputeren an de 70er de Wee fir d'Gaming-Welt virbereet. De RetroRoby wees méi!

Leschten Update: 02.11.2017, 09:46:18

© Eldoradio

Virun allem Enn de 70er, Ufank den 80er sinn d'Heemcomputere wéi Commodore 64, Amstrad oder Amiga opgedaucht.

© Wikimedia Commons


Dat faszinant un dëse Computere war virun allem d'Programméiere vu Spiller, dat wäit ier d'Heem-Konsolen de Wee an eis Stuffe fonnt hunn. En Expert op dësem Gebitt ass de Roby, an zielt eis e wéineg méi iwwert dës Apparater.

De RetroRoby iwwer Amiga, Commodore 64 a Co.!


Bal nach méi skurril wéi d'Heemkonsole selwer sinn d'Accessoiren déi et fir dës Objete ginn.

© Eldoradio


Virun allem iwwert d'Kassetterekorder déi ee benotzt huet fir Spiller ze spillen, ass am Highscore e Méindeg geschwat ginn.

Wat sinn déi seelenste Stécker am Roby senger Sammlung?


Am 3. Deel vun der Sendung goufen et dann Infoen iwwert den 32. Anniversaire vun Amiga, deen Enn Oktober zu Neuss wäert organiséiert ginn.

Hei wäerten dann och Entwéckler vun dësem eenzegaartegen Heemcomputer präsent sinn.

Amiga feiert 32. Anniversaire, dat zu Neuss (D)