HighscoreNintendo Switch brécht a Japan all Rekorder

3,4 Millioune mol huet sech déi nei Konsol vu Nintendo schonn a Japan verkaaft, an domatten d'PS4 labber iwwerholl.

Leschten Update: 18.01.2018, 12:56:43

© TOSHIFUMI KITAMURA / AFP

Japaner vergëtteren déi nei Nintendo Switch, dëst huet op alle Fall emol sou den Uschäin, wann een sech déi reng Zuele vun der Switch a Japan, der Heemescht vu Nintendo ukuckt. Längst sinn d’Zäiten hei eriwwer, wou et sech just loune géif en Switch ze kafen, wann een d’Spill-Klassiker Mario oder Zelda spillt.

Op de sozialen Netzwierker tauchen ëmmer nees Videoen a Biller op déi weisen, dass d’Japaner sech deels honnerte Meter an eng Schlaang stelle fir déi aktuell Nintendo-Konsol ze kafen och gutt en Halleft Joer no der Release am Mäerz 2017. Vill Geschäfter musse reegelméisseg d’Clienten da vertréischten, dat well keng Konsol méi deen Ament op Stock war.

Mee kucke mer eis dann elo mol déi genee Zuelen hunn an déi schwätze wierklech Bänner. Elleng am Joer 2017 goufen a Japan ganzer 3.4 Milliounen Nintendo Switch Konsole verkaf. Dat si praktesch 10.000 Konsolen den Dag déi iwwert d’Keese gaange sinn, wuel gemierkt nëmmen am Land an Asien. D’Playstation 4 vu Sony, déi sech jo alles anescht wéi schlecht verkaf huet, kënnt hei bei wäitem net drun.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!


Dës gouf an hirem éischte Joer, "nëmmen" 920.000 Konsole verkaf. Och gesäit een, dass d’PS4 no den éischte Verkafswoche konstant un Zuele verléiert, eppes dat am Fong normal ass, wann den Ufankshype vergaangen ass. Majo bei der Nintendo Switch war dat awer guer net esou de Fall. Hei bleift een och Ufank 2018 weider ganz héich an de Verkafszuelen, dat konstant.

Op alle Fall kann een als Nintendo-Fan glécklech iwwert dës Entwécklung sinn, virun allem wann ee bedenkt, dass Nintendo souguer mam Gedanke gespillt keng Konsole méi hierzestellen, nodeems sech d’WiiU jo als Flopp erausgestallt hat.