HighscoreKeen FIFA oder Battlefield méi fir d'Playstation?

Et ginn am Moment Rumeuren, dass Microsoft EA, Valve an d'Firma vu PUBG opkafe wëll... An der Community gëtt hefteg diskutéiert.

Leschten Update: 01.02.2018, 05:15:46

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Dass Microsoft a Sony an der Welt vun de Konsolen d’Haaptkonkurrente sinn. Ass kee grousst Geheimnis. Entweder huet een eng Xbox One oder et huet een eng Playstation 4. Hei ass et dacks esou, dass d‘Clienten eng Preferenz hunn an sech dann och dorunner halen. Majo elo ginn et awer Rumeuren dass Microsoft interesséiert ass EA oder Valve opzekafen. 

Kuckt een sech d’Exklusivtitele fir déi jeeweileg Konsolen sou un, da gesäit et sou aus wéi wann och dëst Joer nees Sony wäert d’Nues vir hunn. Hei wieren et Spiller wéi The Last of Us 2, Spider-Man, de neie God of War oder Detroit:Become Human, déi exklusiv fir d’Playstation 4 erauskommen. Microsoft huet do eng méi kleng Auswiel, hei sinn et Sea of Thieves a Crackdown 3 déi ze nenne sinn.

Ma wéi et elo heescht, wéilt Microsoft do gären eppes dogéint maachen. Et ginn nämlech Rumeuren, dass Microsoft EA, Valve an d’PUBG-Firma opkafe well.  Dat ganzt geet aus enger anonymmer Quell ervir, déi Microsoft no steet. Mee och Experte gesinn eng grouss Wahrscheinlechkeet, dass et zu gréisserem Opkafe vu grousse Spillentwéckler komme kéint.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!

Wat dat ganzt fir d’Gameren allerdéngs bedeite kéint, bréngt d’Community elo schonn an Opreegung. Et kéint nämlech bedeiten, dass Spiller wéi Battlefield oder FIFA just nach fir PC oder Xbox One erauskommen.

Playstation Fans mussen sech da mat Call of Duty oder mam Pro Evo zefridde ginn, oder sou batter et och kéint fir d’Sony-Fans sinn, eriwwer op d’Xbox switchen, respektiv eben déi 2 Systemer benotzen. Wéi gesot ass eben hei virun allem EA betraff, Valve schéngt méi onwahrscheinlech, well hei manner Aktivitéiten am Moment sinn, a Microsoft vill misst mat eegene Kraaft nees opbauen. Spiller wéi Half-Life, Portal oder Left 4 Dead hunn jo bis haut keen 3. Deel kritt, obwuel et grouss a beléifte Spiller sinn.

Mee och am Kader vum gudden Ofschneide vun der Nintendo Switch wäerten ëmmer méi Alarmluuchte bei Microsoft liichten, sou dass ee bei der Firma wuel ëmmer méi d’Konkurrenz an domatten den Drock eppes Neies ze maache spiert.