HighscoreDëst Joer soll COD: Black Ops 4 erauskommen

Niewend dem beléifte Shooter, gëtt et awer och eppes fir d'Frënn vu Plattformer: Et kéint sinn, dass e neien Crash Bandicoot erauskënnt!

Leschten Update: 08.02.2018, 15:27:09

© JEWEL SAMAD / AFP

2017 huet no 7 Joer Abstinenz de Star-Charakter vu Sony säi Comeback geféiert. Riets geet natierlech vum Crash Bandicoot, dee mat der N.Sane Trilogie nees zréck op d’PS4 komm ass, eng Trilogie déi bei de Fans extrem gutt ukomm ass, a praktesch iwwerall gutt Kritike kritt huet. Majo no dësem Erfolleg kommen elo ëmmer méi Rumeuren, dass et net bei dësem Remake bleiwe soll.

2019 soll et e weideren Deel ginn, eppes dat Fans natierlech méi wéi glécklech maache géif. Op et sech allerdéngs nees ëm e Remake vun engem Playstation Klassiker handele soll, oder souguer ëm e komplett neit Spill, steet nach an de Stären, heizou hätt och Activision sech nach net geäussert.

Wat awer als sécher gëllt, ass, dass N.Sane-Trilogy wäert fir aner Plattformen erauskommen, nämlech fir d’Switch a fir PC.  Rumeuren dass et soll fir d’Xbox One erauskomme ginn et och, ass awer net confirméiert.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!

Dann kënnen awer och d’Call of Duty Fans sech freeën, well wéi et schéngt gëtt un engem neie Black Ops 4 geschafft. Activision hält sech jo och hei traditionell extrem bedeckt, elo sollen et awer éischt Insider Informatioune ginn.

Black Ops 4 soll nämlech Experten no am Present spillen a soll niewent der PS4, Xbox One a PC och fir d’Nintendo Switch erauskommen. Dëst wier deen éischte Call of Duty-Titel zënter 2013 dee fir eng Nintendo Konsol erauskënnt. 

Et waart een nach op eng definitiv Äntwert vum Entwécklerstudio Treyarch, déi jo dës Kéier um Tour si vir de neie Call of Duty Titel ze entwéckelen.