HighscoreLuxGameFest 2018

Wee vu sech behaapt e richtege Gamer ze sinn, deen sollt sech dréngend de Weekend vum 16. a 17. Mäerz fräihalen.

Leschten Update: 09.02.2018, 16:08:18

© 11F

De 16. a 17. Mäerz lount et sech als Gamer definitiv fir bis an de Forum Campus Geesseknäppchen an d'Stad ze goen. Hei gëtt nämlech de ganze Weekend gezockt, dat um LuxGameFest 2018, organiséiert vun 11F. 

Dobäi kënnt, dass dat ganzt an sech 3 Evenementer an engem eenzege groussen Event sinn. Hei hätte mer op der enger Säit de sougenannte Game of Code Hackathon, fir jonk Programméierer. Dann gëtt eng LGX-LAN Partie, wou jiddweree ka Spillen a matbrénge wat e well.

© 11F.lu


A "last but not least" e grousse Call of Duty-Tournoi, den LGX-COD-Cup, wou d'Finall da Samschdes de 17 Mäerz ass.

Lauschtert iech déi komplett Emissioun mat eisem Invitée, dem Fabio vun 11F hei a ganzer Längt an a Rou un!

LuxGameFest 2018 - Ëm wat geet et?


Eng riseg LAN-Party gëtt et och!


En COD-Tournoi däerf da selbstverständlech och net feelen!


Hei geet et direkt op de Site vun 11F!
Hei geet et op den offizielle Site vum LuxGameFest 2018
De Link fir de Facebook-Site vum LuxGameFest 2018
Links