HighscoreDe bekanntste Videospill-Rekord ass eng Ligen!

Den Todd Rogers gouf an den 80er wéi e Superstar gefeiert. Elo gëtt him virgehäit, bei alleguerte senge Rekorder gefuddelt oder einfach gelunn ze hunn.

Leschten Update: 15.02.2018, 08:03:08

© Twin Galaxies

35 Joer laang war de Speedrunner Todd Rogers den absolute Champion am Rennspill Dragster fir d’Atari 2600 an huet och soss honnerten u Rekorder gebrach. Mee dee Rekord, deen och de Public ausserhalb vun der Videogame-Scene bekannt gemaach huet, ass ganz kloer de Rekord bei Dragster. Hei geet et eben drëms, an enger Dragster-Course déi kierzten Zäit ofzeliwweren. An hei war d’Zäit vu 5,51 Sekonne wéi gesot 35 Joer laang ongeschloen a koum souguer dofir an d’Guinness Buch vun de Rekorder am Joer 2017 fir dëse laange Rekord. Majo wéi et schéngt, war den Todd Rogers awer alles anescht wéi éierlech wat seng Rekorder betreffen an erkläert och, wisou kee Mënsch seng Rekorder brieche konnt.

Nodeems e Speedrunner an och aner Leit aus der Zeen dem Todd Roggers säi Rekord ëmmer méi ugezweiwelt gouf, ass dunn vun enger Rei Informatiker eng speziell Software entwéckelt ginn, déi erausfonnt huet, wat déi séierst méiglech Zäit bei Draggster ass.  An hei kënnt een op e ganz interessant Resultat: D’Spill selwer erlaabt et engem nämlech net méi séier wéi eng bestëmmten Zäit d’Streck ze fueren. An dës Zäit läit 0.06 Sekonnen iwwert der Zäit, déi de Roger am Joer 1982 uginn huet.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!

D’Säit Twin Galaxies, eng Institutioun déi et schonn zënter de 70er gëtt an zënter deem Rekorder bei Videospiller ophëlt an analyséiert huet dowéinst dem Rogers de Score oferkannt. Wéi et heescht sollen hei och deels Biller manipuléiert gi sinn, an hie selwer konnt säi Rekord net eng eenzeg Kéier viru lafender Kamera widderhuelen, mol net usazweis.

Allerdéngs huet dat ganzt och elo Konsequenze fir seng aner Rekorder, well och do kënnt elo no an no eraus, dass dës Scoren deels komplett fräi erfonnt waren. Well seng Rekorder awer sou wäit zréck léien, waren d’Mëttelen deemools nach net do, fir Rekorder penibel genee ze kontrolléieren an ze préifen.  Ënnert anerem gouf him och säi bekannte 15 Milliounen Highscore bei Donkey Kong op der Atari 2600 oferkannt. Hien däerf vun elo un och keng Scoren méi bei Twin Galaxie eraschécken, hei gouf de Rogers nämlech elo gespaart. Iwwregens gëtt och dem bekannte Gaming-Star Billy Mitchell elo virgehäit getrickst ze hunn. Dëse soll nämlech bei enger ganzer Partie Rekorder e sougenannten Emulator benotzt hunn fir d’Rekorder ze briechen an net déi original Konsol.