Animatioun

  • Lynn & Ben Nom Mëttesiessen geet et an Double-Action duerch den Nomëtten.
  • Serrig & David Mol ass deen Een On Air, mol deen Aner. Awer Freides gëtt et de Serrig & David am Doppelpack vu 9 bis 13 Auer.
  • Laurent Gillander En ale Ford Escort mat 4 Gäng deem säi Katalysator futti ass an neméi ugeet. Dem Laurent ass et egal: e lauschtert grad „Hotel California“ vun den Eagles.
  • David Kayser Eise Mann ass moies wa seng Show ass zu 98% wierklech sou gutt drop wéi e kléngt. Déi aner 2 Prozent hëlt an der Mëttesrascht eran.
  • Ben Olinger Eist “enfant terrible” kuckt gäre Krimien (mat Preferenz aus Skandinavien), drénkt gäre gudde Wäin (mat Preferenz e Rouden) a spillt gäre Lego.
  • Andy Pawlikowski Den eenzege Mann dee Multitasking kann. Oder och net. Soulaang Kaffi am Spill ass, ass souwisou alles an der Rei!
  • Jules Serrig Kult ass net nëmmen Bohemian Rhapsody vu Queen mä och de “Serrig”. Scho Joerzéngten hannert de Mëschpulter doheem, ass seng grouss Leidenschaft d'Musek!
  • Lynn Warken Mat „Heidi“-Ringtone an enger Leidenschaft zum „Sissi“ ass d’Lynn am Nomëtteg ze héieren. A lo haalt iech un: Hatt haasst déi rout Gummibärecher!!
  • Massimo Manzari 2006 ass Italie Weltmeeschter ginn, an hien huet deemools souguer dierfe bis 2 Auer moies opbleiwen. Zwou Saachen iwwert déi sech de Massimo konnt freeën.
  • Wulli Et gëtt quasi kee groussen Nightlife-Event mat deem hien nach näischt bis lo ze dinn hat. Eng Party-Institutioun um Donneschdegowend!
  • Dani Cavalieri De Starwars-Freak haasst Stau a ka mat sengen Hänn just en American Football opfänken. Doniewent ass den Dani och virun allem Weekends bei eis am Asaz.
  • Marlène Clement Danzen a sange mécht et gär, och vläicht an Zukunft mol eng Kéier op enger Bühn! Am Moment presentéiert d’Marlène sech am „Studio Ben“ an an der "Dezibel".
  • Max Kasel Den Haftbefehl- a Capri Sonne-Fan konnt scho mat 6 Joer “Zehn kleine Jägermeister” äuswänneg. Lo moderéiert en um Weekend an ass an der Studio Ben-Crew!
  • Mike Folschette Hie lenkt sech gär mat de Rolling Stones of an drénkt säi Kaffi am aller léifsten net kal. Dat läit vläicht och um Breakfast Club um Samschden.
  • Yasmine Kauffmann Mam Justin Timberlake „Die Schöne und das Biest“ kucken, dat wier dach mol eng. Jiddefalls fir d’Yasmine, eis Miss Chartbreaker!
  • Charel Weber De Charel seet net méi wéi e muss, perfekt fir de Weekend um Eldo-Mikro ze sinn. Punkt.

Crew