AnimatiounAndy Pawlikowski

Den eenzege Mann dee Multitasking kann. Oder och net. Soulaang Kaffi am Spill ass, ass souwisou alles an der Rei!

Leschten Update: 26.07.2018, 12:29:28

Mir huelen d’Mondharmonika eraus a spillen dem Andy e Lidd, e Lidd. Well da fillt en sech wéi bei „Unce Upon a Time in the West“, sengem Liiblingsfilm! Iwwerhaapt steet hien éischter op Kult wéi op dat Modernt!

„Mäin absolut Liiblingslidd kënnt jo och vum Udo Jürgens: Ich war noch niemals in New York!“

Fréier bei der Madame Zamponi an der Chimie geknäipt, huet den Andy séier gemierkt dass Radiomaachen besser ass wéi léieren. Kuerz drop hat en do säi Kontrakt an der Hand an ass zanterhier, ënnert anerem, professionelle Kaffistester um Radio.

Eppes wat en net ka leiden ass Stau, wéi vill aner Leit och. Dësen Degoût wäert awer virun allem ausgeléist gi sinn well hien a sengem Liewe scho souvill Traffic-News huet missten duerchsoen.

Wat den Andy onbedéngt wéilt a bräicht ass en Handy deen och Kaffi maache kann - dat Moies um 4h00!

Schéckt dem Andy eng Mail

Den Andy op:
Facebook