AnimatiounDaniel André

Wann hien eppes net kann, dann ass dat eng séier Entscheedung treffen. Just bei enger Saach war e sech ganz sécher: E wollt onbedéngt Radio maachen.

Leschten Update: 23.11.2018, 14:36:20

Den Daniel ass quasi ëmmer gutt drop a probéiert dat un d'Nolauschterer weider ze ginn.

An deene seelene Momenter, wou hien eng Kéier näischt ze soen huet, lauschtert den Daniel virun allem "EDM", also sou zimlech alles wat aus der Welt vun der elektronescher Musek kënnt.

Oder hie kuckt senger Liiblings-Futtballequipe, nämlech Werder Bremen, no, wéi si zanter Joren näischt méi op d'Rei kréien.
Ënnert dem Motto: "Huel näischt méi eescht, wéi et muss sinn", féiert den Daniel gären emol op humorvoll Aart a Weis, ganz sécherlech awer mat Freed un der Saach, duerch seng Sendungen.

Links