AnimatiounLynn Warken

Haalt iech un: Hatt haasst déi rout Gummibärecher!!

Leschten Update: 19.04.2018, 11:29:53

Deemools mat 16 Joer ass et mam Bus op de Radio koum. Haut ass et säi Gruselkabinett vun Auto: vu baussen alles ok, bannen e rise Koup Mëscht!

An och säi "kreative Chaos" um Bureau dierf vu kengem geraumt ginn, soss kann d’Lynn engem mol den Dicks riichten. Mä keng Angscht: et ass net nodréiglech.

Dat ass d’Lynn: Keng Uerdnung, groussen Ego, keen Talent fir Trëtzen ze maachen, éierlech, charmant a virun allem zimlech schwéier aus der Rou ze bréngen.

Mat engem gudde Gliesche Wäin, dem Song "What’s Up" vu 4 Non Blondes an dem Erëm-Aféiere vum Nokia 3310 géing een him eng grouss Freed maachen.

"Ech wéilt gär eng Kéier bei enger Oscar-Iwwerreechung dobäi sinn an d'Michelle Obama treffen. Fir d’Fraerechtlerin Emmeline Pankhurst ass et leider ze spéit!"

Eleng mat Rucksak an eventuell sengem Liiblingsiesse "Pürée mat Ierbessen a Muerten" wéilt d’Lynn gär 1 Joer duerch d'Welt reesen.

An et ass kee Witz: Hatt haasst wierklech déi rout Gummibärecher!!

Schéckt dem Lynn eng Mail

D'Lynn op:
Facebook
Twitter

Links