AnimatiounCatherine Nothum

D’Chaos-Queen mam Bléck fir den Detail huet de Kapp zwar dacks an de Wolleken, danzt awer dofir mat béide Féiss duerch d’Realitéit.

Leschten Update: 25.07.2018, 16:17:26

Als Kand war d’Catherine virun allem ängschtlech a krut de Mond knapps op. Haut geet hat gären eleng reesen, schwätzt ouni Punkt a Komma a sprengt um Bungee Seel och mol 143 Meter an Déift.

Villes huet sech geännert am Cat sengem Liewen, just de feelenden Orientéierungssënn genee sou wéi d’Tollpatschegkeet, déi hunn et ni verlooss. D’Leit froe sech haut nach, wéi et ouni Navi aus dem Haus kënnt, säi Wee bis op de Radio huet hat trotzdeem fonnt.

Mat schlechte Wuertspiller, villen Zitater aus Serien a Bicher, genee sou wéi dem neisten Traatsch a Klaatsch ënnerhält d’Catherine iech virun allem am Nomëtten.

Schéckt dem Catherine eng Mail!
Links