AnimatiounEric Rolgen

Ob Moies fréi opstoen oder Reen, dat si fir den Eric alles keng Grënn fir schlecht Laun ze hunn. Ausser Schnéi. Schnéi huet den Eric guer net gär.

Leschten Update: 27.08.2018, 12:39:30

An deem éischte Glückskeks, deen den Eric a sengem Liewen opgemaach huet stoung dran:

"You will be an entertainer"

Dat schéngt da jo och geklappt ze hunn, elo wou en hei um Eldo gelant ass. En hätt awer och näischt dogéint eemol bei engem Jurassic World matzespillen, dat sinn nämlech seng Liiblingsfilmer.

Den Eric ass e mega Amerika-Fan an huet iwwert d'Halschent vu senge Gebuertsdeeg dohanne verbruet. Säin Dram ass en Haus an den Hollywood Hills ze hunn, fir de Wanter kënnen do ze verbréngen.

Seng zweet Leidenschaft sinn Autoen. Leider kann en déi aus finanzielle Grënn am Moment just op sengem Laptop bewonneren.

Ze laang roueg sëtzen ouni eppes ze dinn ze hunn mécht hien nervös. Dat ass him schonn deemools an da Schoul opgefall. Gutt also, dass beim Eldo ëmmer eppes lass ass.

Links