AnimatiounMassimo Manzari

2006 ass Italie Weltmeeschter ginn, an hien huet deemools souguer dierfe bis 2 Auer moies opbleiwen. Zwou Saachen iwwert déi sech de Massimo konnt freeën.

Leschten Update: 07.09.2017, 11:56:34

Léif Banken a Casinoen, dir musst iech keng Gedanke maachen. Och wann de Massimo faszinéiert ass vun „Ocean’s Eleven“ an hiren Abrochspläng, ass hie selwer net konsequent genuch an ass eegenen Aussoen no ze séier ofzelenken fir iergendeng ze rappen.

Als groussen Elektrofan gëtt et fir eise fréieren Internet-DJ aktuell näischt besseres wéi „Dimitri Vegas & Like Mike“ an e wéilt gär den Tomorrow-Festival eng Kéier live erliewen!

„Ech kann iwwregens mat mengen 2 Féiss jongléieren an op enger QUERTZ- souwéi AZERTY-Tastatur blann tippen!“

A Gal a Box de Massimo vergësst eng Kéier säin Handy ! De Problem ass dann zwar net dass en net erreechbar ass, nee, en huet nämlech da kee Moyen ënnerwee Musik ze lauschteren.

Schéckt dem Massimo eng Mail