AnimatiounDani Cavalieri

De Starwars-Freak haasst Stau a ka mat sengen Hänn just en American Football opfänken. Doniewent ass den Dani och virun allem Weekends bei eis am Asaz.

Leschten Update: 30.05.2017, 09:46:06

De beschte Song vun allen Zäiten ass, wann een dem Dani gleeft,dem Michael Jackson säi „You rock my world“. Dovun ofgesinn ass alles wat den Jacko gemaach huet, grouss!

Wa lo een aus der amerikanescher NFL dat hei sollt liesen: Dem Dani säin Dram wier et eng Kéier bei engem Profi-Match matzespillen. Dir kënnt en dann duerno och erëm zesummebauen!

„Ech sinn en zimlech éiergäizegen Typ, wann ech en Zil virun Aen hunn, kämpfen ech bis ech et erreecht hunn!“

Wa lo vläicht een dat hei sollt liesen, deen eppes bei Star Wars ze mellen huet: Den Dani wéilt och gär eng Kéier op e Set vun engem vun äre Filmer kommen.

Wee weess, vläicht ginn déi Dreem jo an Erfëllung, well den Dani huet virun enger Zäitchen eisen David op engem Fussballsmatch kennegeléiert an em dovu gezielt dass e wéilt eng Kéier op de Radio kucke kommen. Lo mécht e Sendung fir eis!

Schéckt dem Dani eng Mail

Den Dani op:
Facebook
Snapchat: danitalia1
Instagram