AnimatiounMira Kemmer

Entscheedungen treffe gehéiert absolut net zu senge Stäerkten, Gott sei Dank ass him d'Entscheedung bei de Radio ze kommen zimlech einfach gefall.

Leschten Update: 28.11.2018, 08:42:42

D'Schauspillerei ass nämlech dem Mira seng grouss Leidenschaft an domat och alles, wou et seng Stëmm asetze kann. Do war de Wee op de Radio net méi wäit.

Och wann den Theater an de Film fir hatt eng grouss Roll spillen, geet et virun allem dorëms, d'Leit ze ënnerhalen an zum Laachen ze bréngen. Seng eege Bühn riicht hat sech an Zukunft am Eldostudio an.

Als Mënsch ass hatt ëmmer gutt drop, a sollt et mol eng Kéier net sou sinn, kann een hatt séier mat engem gudden Iesse glécklech maachen, zemools mat Sushi. Dat gehéiert nämlech och zu senge grousse Leidenschaften: Kachen, aner Kulturen a virun allem gutt Iessen. A wann et erëm ze vill schwätzt a keen Enn fënnt, da kann een him domat dach och schnell de Mond stoppen.

Links