AnimatiounYasmine Kauffmann

Esoubal d’On Air Luucht um Samschdeg Mëtteg u geet, schmäisst eis Miss Chartbreaker seng ganz perséinlech 4-Stonne Party am Studio.

Leschten Update: 17.07.2019, 11:48:36

Wat grad an den Charts ugesot ass, weess d’Yasmine natierlech, vue dass hatt quasi all Samschden eisen Chartbreaker moderéiert. Virun allem bei senger perséinlecher Top 5 ass Party am Studio ugesot – da gëtt d’Anlag bis hanne widder opgedréint. D’Highlights vun der Sendung dokumentéiert hatt dann och gären an eiser Instastory.

Eppes wat d’Yasmine gutt kann ass schwätzen – laang a vill (heiansdo vläicht e bëssen too much, behaapt hat selwer emol) – virun allem wann hatt bis op Antenne ass. Wann dir also ee sicht mat deem dir iwwer Gott a Welt schnësse kënnt, da sidd dir beim Yasmine genee richteg (ausser et ass hongereg an huet näischt z’iessen – dann hutt dir besser dir loosst et mat Rou :-) )

Wann emol nieft der Aarbecht bëssen Zäit bleift fir Fräizäit, da geet et d’Yasmine senge Liiblingsbeschäftegungen no: gutt iessen, an de Kino goen (gären déi zwee an der Kombinatioun) schwamme goen oder de Saxophon auspaken an de Virtuos raushänke loossen.

Zënter Joren steet eng Australienrees beim Yasmine um Programm, wieren do net déi grouss an horeg Spannen...en absoluten no-go fir hat!

Schéckt dem Yasmine eng Mail

D'Yasmine op:
Facebook
Instagram