AnimatiounMarlène Clement

Danzen a sange mécht et gär, och vläicht an Zukunft mol eng Kéier op enger Bühn!

Leschten Update: 14.02.2018, 14:28:13

D’Musek ass dem Marlène immens wichteg, a virun allem déi lëtzebuergesch Musekszeen läit em um Häerz. Dofir huet et och e gudden Drot zu de lokale Bands.

Wann d’Marlène awer Honger huet, an dee Moment awer näischt tëscht Zänn kritt, kann et mol ganz ongemittlech ginn.

Dat eenzegt wat et da kann erofbréngen ass eventuell de Film American Beauty („Eng perfekt Analyse vun eiser Gesellschaft“) oder seng Famill a Frënn!

Wann ee mam Malène ze dinn huet, weess een dass hatt vill a gär schwätzt, a genee dat huet et zu sengem Beruff gemaach, well et gëtt ni midd!

„Mäin absolute Liiblingssong ass Heal the World vum Michael Jackson. Ech hunn en deemools Live zu Lëtzebuerg erlieft, an dee Moment wäert ech ni vergiessen.“

Sou, elo wësse mer scho relativ vill iwwert d’Marlène. Dir lauschtert him am Beschte selwer no, do verréit et bestëmmt nach genuch!

Schéckt dem Marlène eng Mail