
Eigentlech ass d’Elektro-Musik seng Passioun mä säi Liiblingssong sengt awer…d’Alicia Keys! Empire State of Mind ass genau dat wat de Wulli ëmmer brauch: Power!
Zu senge gréisste Passioune gehéiert nierwt der Musik awer d’Reesen. Aner Länner an hier Kulturen entdecken, dat mécht hie genausou gär wéi d’Iessen entdecken.
„Et ka scho mäin Dag verschäisse wann iergendwou d’Iessen net schmaacht!“
Duerch seng Aarbecht ass de Wulli vill a gär ënner Leit, an en ass fir bal alles ze hunn. Virun allem fir säi Liiblingsfilm ze kucken: Dinner for One!
Och wann hie lo donneschdes am Studio ass, kënnt dir de Wulli gäre kontaktéiere fir är Party/Event ze promoten a vläicht sidd dir jo demnächst am Eldo Event Navigator ze héieren.
Schéckt dem Wulli eng Mail
De Wulli op:
Facebook
Snapchat: wulles9
Twitter
Instagram