AnimatiounJules Serrig

Kult ass net nëmmen Bohemian Rhapsody vu Queen mä och de “Serrig”. Scho Joerzéngten hannert de Mëschpulter doheem, ass seng grouss Leidenschaft d'Musek!

Leschten Update: 29.05.2017, 15:59:45

Eise Musekschef probéiert ëmmer erëm gär nei Saachen aus, soulaang e Gummiskamellen dobäi huet, ass alles an der Rei.

De Jules ass eng immens positiv Persoun déi allergesch op granzeg Leit reagéiert, awer par konter immens gutt kann nolauschteren.

Seng 1. Kéier vergësst en ni: nom Lidd Bohemian Rhapsody ass dem Jules bewosst ginn wat fir e grousst Meeschterwierk hie grad héieren huet, a genee dës Erfahrung huet hien zu senger grousser Passioun, der Musek, bruecht.

„Ech war scho bei ville Concerten dobäi, leider net beim legendäre Beatles „Rooftop-Concert“. Schued!“

De Jules huet säin eegene Charakter, e wëll net mat anere Verglach ginn, a weess ganz genau wat hien an Zukunft mécht: gutt Musek op der Welt sichen, lauschteren, domadder schaffen a se och selwer opleeën. Genau dat, wat en haut scho mécht!

Schéckt dem Serrig eng Mail

De Serrig op:
Facebook
Twitter
Instagram