AnimatiounDavid Kayser

Eise Mann ass moies wa seng Show ass zu 98% wierklech sou gutt drop wéi e kléngt. Déi aner 2 Prozent hëlt an der Mëttesrascht eran.

Leschten Update: 12.09.2017, 13:42:50

No e puer Joer Uni a Liewe genéissen, ass den David souwisou en immens positive Mënsch, deen een awer „relativ séier rose gemaach kritt“.

Virun allem versteet hien déi Leit net déi ëmmer alles negativ gesinn. Den David selwer huet scho vill gutt Momenter a sengem Liewe konnten erliewen.

„Wann ee säi Liewe genéisst, dann erlieft een där Momenter méi. An déi hat ech virun allem a mengen Uni-Joren. Rezent ass et awer sécherlech e sonnege Mëtten an der Stad, wou ech einfach zum richtegen Zäitpunkt op der richteger Plaz war.“

Jojo, dat loosse mir lo mol sou bei eisem Romantiker stoen.

D’Musik ass dem David genau sou wichteg wéi Sport, mä e weess dass déi beschten Hits vun allen Zäiten net méi an der Zäit vun haut produzéiert ginn.

Schéckt dem David eng Mail

Den David op:
Facebook
Twitter