AnimatiounSidsel Pedersen

Eist Sidsel - bëssen "Danish Dynamite" mat enger extra Portioun Humor...

Leschten Update: 28.08.2019, 14:26:58

© Eldoradio

Bëssen "Danish Dynamite" mat enger extra Portioun Humor, enger grousser Virléift fir Kaffi a Saumon, engem groussen Häerz fir Déieren an d’Famill, alles gemëscht an dobäi eraus koum d’Sidsel.

D’Sidsel ass nach ni op de Mond gefall an hat och nach ni e Problem ze schwätzen - an datt a 5 Sproochen. Scho vu Klengem un ass hatt op d’Leit duergaangen an huet sech vu näischt ofschrecke gelooss. An esou huet hatt och gären d’Erausfuerderung um Radio ugeholl!

D’Virléift fir Wäin a gutt Iesse gouf him an d’Wo geluecht a gehéiert bis haut och zu senge grousse Passiounen, villäicht heeschen och dofir seng Kanéngercher Whisky a Baileys… Nieft dem Tennis, der Zäit mat diversen Déieren an dem Studium, spillt haaptsächlech d’Famill eng zentral Roll a sengem Liewen. Och wann ee groussen Deel ëmmer nach an Dänemark wunnt, notzt hatt all Méiglechkeet fir entweder bei oder mat senger Famill ze reesen.

Vill Leit géingen hatt als typescht Meedche beschreiwen, well d’Sidsel gesäit ee bal nëmmen am Kleed, seng Liiblingsfaarf ass Rosa, hatt geet fir säi Liewe gäre Shoppen an och schminke mécht him Spaass! Och wa sech tëschenduerch d’Hoerfaarf mol bemierkbar mécht, hëllt hatt dat, wéi alles, mat enger grousser Portioun Selbstironie!

Links