
© Eldoradio
E Museksgenre huet den Dylan elo net direkt, mee dat ganzt geet éischter an déi Däitsch Richtung. Vum Wolfgang Petry eriwwer bei de Sido a vun do e klengen Tëschestopp beim Ballermann-Mix bis hin zum Rock geet alles u Musek. Mee eppes geet guer net an dat ass Techno. Techno ass fir hie genau esou wéineg ze erdroen, ewéi den FC Bayern München... Also guer net.
Vill brauch hien net fir frou ze sinn, eng Bar, gutt Gesellschaft an eng Currywurschtbud géife schonn duer goen. Een am Groussen a Ganze gutt gelaunte Kärel, dee gär och mol seng Freed mat aneren deelt a wahrscheinlech 90% vum Dag nëmme Quatsch am Kapp huet, dat ass eisen Dylan.