AnimatiounSte Neves

Moderatorin beim MTV oder awer éischter eng Carrière als Sängerin? D'Sté huet sech du fir de Radio entscheet!

Leschten Update: 06.01.2020, 09:35:54

© Eldoradio

Als Kand wollt d’Sté ëmmer beim MTV moderéieren an als Sängerin Carrière maachen. No engem klenge Realitéitscheck huet et sech awer ëmdecidéiert säi Gléck beim Radio ze probéieren.

Wat e Gesabbels! Net nëmme kann d’Sté un engem Stéck schwätzen an dat a 6,5 Sproochen, mee effektiv kann hatt och net propper iessen. Villäicht läit dat dorunner datt hatt net mat Danzen ophale kann.

D’Sté ass sech och ni ze schued fir Witzer ze maachen an ze laachen, souguer eleng. A wann et dann net beim Eldo schafft, spillt Musek eng grouss Roll a sengem Alldag. Als richteg old school lady lauschtert hatt am léifste Lidder aus den 80er, 90er an Ufank 2000er. R&B, Soul, Alternative a Folk gehéiere zu senge Liiblingsgenren. Sange mécht hatt och mega gär, grad wéi Gittar a Piano spillen. Hatt kann och mega gutt Leit imitéieren an am léifste wier d’Sté dem Beyoncé seng Schwëster :)

Links