Kino NewsThe Mummy

The Mummy Remake kënnt eraus. De Brandon Fraser gëtt vum Tom Cruise ofgeléisst.

Leschten Update: 06.12.2016, 10:04:28

© Youtube Screenshot

17 Joer no dem éischten Mummy Film, bréngt nees ee Relikt aus aalen Zäiten Onheel an Zerstéierung. D’ Sofia Boutella, spillt eng operstane Prinzessin, déi sech fir  hire Mord räche well. De Mummy Remake ass awer éischt den Ufank: De Realisateur Alex Kurtzmann huet ugekënnegt, dass och vill aner Monster-Klassiker nees an de Kino kommen, sou zum Beispill de  Frankenstein, Dr. Jekyll a Mr. Hide, Van Helsing an Dracula. De Plang ass ausserdeem all déi Personnagen zesummen ze bréngen. „The Mummy“ ass fir den 9. Juni nächst Joer ugekënnegt.