Kino NewsLogan: Neie Wolverine, näischt fir Kanner!

De neie Wolverin Spinoff mam Hugh Jackman ass näischt fir e sensibelt Gemitt... oder Kanner.

Leschten Update: 13.12.2016, 17:04:44

© KAZUHIRO NOGI / AFP

Normalerweis sinn déi ganz Superheldefilmer jo fir de grand public gemaach. Altersbeschränkunge maache, reng finanziell gesinn, wéineg Sënn well ebe virun allem och déi méi Jonk gären an d’Marvel an DC Filmer ginn. Deadpool huet do zum Beispill eng Ausnahm gemaach. Als Rated R ass de Film u sech réischt ab 16 fräiginn. D’selwecht soll et elo och mam Wolverine Spinoff „Logan“ goen. Fir riskéieren ze kennen, manner Gewënn duerch manner Public eranzekréien, huet den Hugh Jackman souguer acceptéiert seng Gage kierzen ze loossen, sou twittert et opmannst mol de Logan Regisseur James Mangold.