Star Wars'Rogue One' vun haut un am Kino

Vum Mëttwoch un's leeft de neien Deel vun de Star Wars Filmer am Kino...

Leschten Update: 15.12.2016, 06:13:09

© afp

Et dierft haut en erfreelechen Dag sinn fir all d’Fans vun de Star Wars Filmer.

Vun haut un's leeft nämlech e weideren Deel vun der Science Fiction-Serie an eise Kino’en  

‘‘Star Wars Rogue One‘‘ nennt de Film sech an ass e Spin-Off, realiséiert vum britesche Regisseur Gareth Edwards. E spillt sou ze soen virum éischte Film deen 1977 eraus koum, an de legendären Darth Vader ass och um Rendezvous.

De Film Star 'Wars The Force Awakens', deen zejoert eraus koum, hat iwwer 2 Milliarden US-Dollar weltwäit agespillt.