Kino NewsBad Moms 2 kënnt.

Et ass offiziell. Et gëtt en 2ten Deel vun der Komedie di an der Eldo-Ladiesnight ze kucke war.

Leschten Update: 27.12.2016, 10:37:23

© piqs.de

Eppes anescht ass konkret ginn an dat direkt duebel. Dëst Joer hate mir jo Bad Moms an der Eldo Ladiesnight. De Film hat sou vill Succès dass schonn nächst Joer am November en 2ten Deel erauskomme wäert. Bad Moms 2 wärt de gudde Film awer net heesche mä „A bad Moms Christmas“. Wéi den Numm et scho verréit sinn d’Mammen hei an de Chreschtdagsvirbereedungen. 20 Mio hat den éischte Film kascht an hutt ganzer 179 Mio agespillt. Den 3ten November wäert Bad Moms 2 ulafen. Op mannst an Amerika.

An och fir d’Type gëtt et eppes. Schonn de 14te Juli soll an den USA de Spin-Off „Bad Dads“ ulafe. Ween matspillt ass na net bekannt. Et duerf een also gespaant sinn