Kino NewsMatthew McConaughey VS Guardians of the Galaxy

Et keeft gutt beim 47 Joer aale Schauspiller. Esou gutt dass en sech seng Filmer mëttlerweil léiwer selwer eraussicht.

Leschten Update: 16.01.2017, 16:56:08

© GEOFF ROBINS / AFP

De Matthew Mc Connaughey, mëttlerweil awer Deel vun der Hollywood Elite, hätt u sech beim "Guardians Vol. 2" matspille sollen. Déi Roll huet en awer ofgeleent. Obwuel "Guardians of the Galaxy" e mega Erfolleg war, an och d’Fortsetzung en Risenerfolleg soll ginn, huet  de Schauspiller sech fir en e bësse méi onscheinbare Film amplaz decidéiert. An zwar fir "Dark Tower", e Stephen King Thriller.