Déi fréier däitsch Educatiounsministesch Annette Schavan ass net mat hirer Klo géint d’Oferkennung vun hirem Doktertitel ukomm.

D’Verwaltungsgeriicht zu Düsseldorf huet d’Klo zeréckgewisen. Déi fréier Ministesch hat virum Verwaltungsgeriicht geklot, nodeems d’Uni hir den Doktertitel am Fréijoer 2013 wéinst Plagiat ewechgeholl hat.