De Line Up vum e-lake 2014 ass nach net bekannt. Gewosst ass awer schonn, dass ee keen eegent Zelt brauch fir um Camping z'iwwernuechten

Den 2. Weekend am August ass déi 19. Editioun vum e-lake Festival um Iechternacher Séi.

Et fänkt un Freides un mat Live-Concerten ënner anerem vun Porn Queen a Lost in Pain, geet Samschdes viru mat elektronescher Musek  ier Sonndes zum Ofschloss méi relax Musek ugesot ass.

Den definitive Line Up gëtt am Mount Mee op der Internet- a Facebook-Säit vum e-Lake annoncéiert.

Eng Nouvelle gëtt et aewr schonn, déi besonnesch Camper intresséieren dierft. An zwar kann een dëst Joer och ouni eegent Zelt um offiziellen e-Lake Camp iwwernuechten.

D'Organisateuren vum Festival schaffen dofir mat der Firma mein-zelt-steht-schon zesummen.

De Camping mécht Donneschdes 7. August um 14h00 op a Méindes den 11. August um 12h00 nees zou.

LINK: