An der Ukrain-Kris hu sech d’Regierungscheffen vun de 7 Industriestaten op weider Sanktiounen géint Russland gëeenegt.

D’Regierung zu Moskau soll dofir bestrooft ginn, well si näischt géint d'Ukrain Kris ënnerhuelen an domat géint den Accord vu Genf, eng friddlech Léisung ze fannen, verstouss hunn.

E Méindeg schonn, kéinten déi nei Strofmesuren a Kraaft trieden. Wéi eng Sanktiounen dat genee solle sinn, gouf awer net präziséiert.