Zu Lamadelaine op der Héicht vum LTMA huet e Sonndeg géint 21h15 eng Automobilistin engem anere Gefier d'Virfaart geholl an ass du geflücht...

D'Police sicht elo no Zéien, déi d‘Accident gesinn hunn oder d'Automobilistin déi d'Accident verursaacht huet, kennen.

Beschreiwung:

D'Fra war vu mëtteleuropäescher Ofstamung, mat heller Hautfaarf, 30 Joer al mat schwaarzen, schëllerlaangen Hoer.

Si ass e schwaarze Peugeot 206, deen a Frankräich immatrikuléiert ass, gefuer.

All Informatioun ass fir d' Police vun Déifferdeng 24 45 35 01.