E Jugendlechen, den als bis well jéngste Pilot eng Kéier ronderëm d’Welt fléie wollt, ass mat sengem Papp iwwert dem Pazifik déidlech verongléckt.

 De 17 järegen Haris Suleman ass beim Rekordversuch mat senger Maschinn an d’Mier gefall.

Seng Läich gouf well fonnt, déi vu sengem Papp gëtt nach vermësst.

De Suleman hat d’Streck vun Indianapolis iwwer Grönland, Ägypten, Pakistan a Sri Lanka well hannert sech wéi hien aus nach net geklärte Grënn erof gefall ass.

Mat där Aktioun wollt hien Spenden fir ee gudden Zweck sammelen.