Zu New York huet den UNO-Sécherheetsrot an enger Drénglechkeetssëtzung eng Wafferou am Noen OSte gefuerdert.

Den UNO-Sécherheetsrot huet d’Konfliktparteien an der Gazasträif zu enger direkter humanitärer Wafferou ouni Bedéngungen opgeruff. De mächtegste Gremium vun de Vereenten Natioune huet hënt eng entspriechend Resolutioun mat de Stëmme vun alle 15 Memberlänner ugeholl. Israelien a Palästinenser sollen deemno während dem islamesche Fest, mat deem d’Enn vum Faaschtemount Ramadan gefeiert gëtt, an och dono net méi openee schéissen.

Och den US-President Barack Obama huet an engem Telefonsgespréich mam israelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu gefuerdert, dass d’Waffen direkt an ouni Konditiounen néier geluecht ginn. Am Gespréich hätt hie kloer gemaach, dass et strategesch imperativ wier, eng direkt Wafferou ouni Bedéngungen a Kraaft ze setzen, esou dat Wäisst Haus. Den Obama hätt zwar wuel d’Recht vun Israel unerkannt, sech géint d’Ugrëff vun der Hamas ze wieren, huet awer gläichzäiteg déi vill zivil Affer kritiséiert.

Zënter dem Ufank vun de Kämpf virun 3 Woche sinn de lokale Rettungsequipen no op mannst 1.000 Palästinenser ëm d’Liewe komm, déi meescht vun hinnen Zivilisten. Op israelescher Säit goufe bal 50 Leit ëmbruecht. Do sinn et virun allem Zaldoten.