Am Hierscht wëll den Héichschoulministère eng déifgräifend Analyse iwwert d'Liewen an d'Onkäschte vun de Studente maachen.

Am Hierscht wëll den Héichschoulministère eng déifgräifend Analyse iwwert d'Liewen an d'Onkäschte vun de Studente maachen. Dat huet den zoustännege Minister Claude Meisch e Méindeg de Mueren ugekënnegt, wéi hien de Bilan iwwert d'Aarbecht vu sengem Ministère gemaach huet. Sou sollen d'Studiebäihëllefen an Zukunft nach méi gerecht kënne verdeelt ginn. An Zukunft wëll een unhand vun engem konstruktiven Dialog regelméisseg besser mat de Studenten zesummeschaffen. De Minister well och dass an Zukunft méi no bausse bekannt gemaach gëtt wat op der Lëtzebuerger Uni an an den CRPe geschitt.

Och wann d'Gesetz fir den Equipement vun der Uni um Belval elo gestëmmt ass, kann et sinn dass den neie geplangten Datum fir ze plënneren (September 2015) nach emol no hanne muss verréckelt ginn. Dat huet de Staatssecretaire Marc Hansen betount. Elo fänken nämlech réischt d'Ausschreiwunge fir den Equipement un.

Lauschtert hei och nach emol d'Reportage vum David Wagner: