Nodeems déi Hannerbliwwe vum Marco Pantani nei Dokumenter agereecht hunn, gëtt am Fall nei enquêtéiert, heescht et vun der italienescher Justiz.

10 Joer nom Dout vum italienesche Vëlosprofi Marco Pantani wëll d’Justiz de Fall elo nei oprullen. 

Den Tour de France-Vainqueur war am Alter vu 34 Joer dout a sengem Hotelszëmmer fonnt ginn. Offiziell ass hien un enger Iwwerdosis Kokain gestuerwen, elo soll awer wéinst Doutschlag ermëttelt ginn.