D'Experten, déi an der Ostukrain den Ament d’Plaz ënnersichen, op där déi malaysesch Passagéiermaschinn erofgefall ass, hunn hir Aarbecht ënnerbrach.

An enger Distanz vun zwee Kilometer si Schëss gefall, d’Situatioun wier ze geféierlech gewiecht, huet e Responsabele vun der OSZE matgedeelt.

Weider huet den Alexander Hug erkläert, déi prorussesch Separatisten hätten den Zougank vun den Experten an där vun hinne kontrolléierter Zon akzeptéiert. Et wier den Ament nach ze fréi fir ze soen, ob d’Wafferou an dësem Gebitt gebrach gi wär oder net.