National Geographic huet fir d'26. Kéier déi schéinst Reesfoto vum Joer gesicht.

Aus méi wéi 18.000 Photoen ass d'Bild vum Marko Koroše als Gewënner ervir gaangen. De Slowen huet den 26. Traveler Photo Contest vun National Geographic fir sech entscheet an däerf sech lo op eng Alaska-Expedition freeën. Opgeholl gouf d'Gewënnerbild zu Julesburg, Colorado.

Wéinst senger Raumschëff-arteger Form huet de Koroše säin Bild «The Independence Day» genannt- nom Film mam selwechten Numm.  «Ech hu mech fir dëst Bild entscheed, well et surreal ass an eis weist, wéi kléng mir am Verglach zur Natur sinn.»