Wéint enger Computer-Pann huet e Spidol an Australien eng 200 Patienten irrtëmlecherweis fir dout erkläert.

D'Dokteren vun den concernéierten Leit hätten entspriechend Informatioune geschéckt kritt. De Feeler gouf réischt no e puer Stonnen festgestallt. Do hat awer well een Dokter eng Famill iwwert de presuméierten Doud vun hirem Familjen-Member informéiert. Wéi et aus der Klinik heescht, wier de Feeler op ee mënschlecht Versoen zréck ze féieren.

D'Spidol huet sech bei de concernéierten Leit entschëllegt.