Net wäit vun Elwen gouf e Mann dëse Freideg Mueren déidlech vun engem Zuch erfaasst. Et handelt sech ëm ee belschen Matbierger.

Zu Kiirchen (Niederbesslingen ) net wäit vun Elwen, ass dëse Freideg Mueren e Mann vun engem Zuch gepak ginn. Fir d’Affer koum all Hëllef ze spéit.

De Mann war iwwert d’Gleisen gaangen a gouf vun vun engem Zuch erfaasst.

D’Air Rescue war op der Plaz.

Di genee Ëmstänn mussen nach gekläert ginn.