D’EU-Ausseminister sinn domadder averstan dat verschidden europäesch Länner de Kurden am Norde vum Irak Waffen liwweren.

D’Ausseminister haten sech jo e Freideg den Owend op engem ausseruerdentlechen Sommet zu Bréissel getraff fir hei iwwert eng méiglech Liwwerung vu Waffen un d'Kurden ze diskutéieren. Och den lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn war bei dësem Sommet dobäi.

Frankräich hat zu dësem Treffen opgeruff, si wäerten den Kurden deemno Waffe liwweren. Aner Länner wéi Däitschland a Groussbritannien wëllen iwwerdeems Waffe liwweren déi net déidlech sinn.