Och zu Lëtzebuerg huet d'Liichtverschmotzung zougeholl. Dat geet aus enger Etude am Optrag vum Nohaltegkeetsministère ervir.

D'Nuechten zu Lëtzebuerg gi méi hell...wéi a villen anere Länner an Europa huet och zu Lëtzebuerg d’Liichtverschmotzung an de leschte Jorzéngten zougeholl.

Et ass net just eng Verschwendung vu Stroum a Suen, mä et huet och een negativen Impakt op Mënsch an Déier. Zum Beispill gëtt de Schlofrythmus vu Mënschen, an d'Verhalen vu nuetsaktiven Déieren duerch ze vill Liicht, ze vill kënstlechem Liicht gestéiert.

De Schwäizer Expert Dr Lukas Schuler vun Dark Sky Switzerland huet sech d’Situatioun vun der Liichtverschmotzung am Grand-Duché méi genee ugekuckt, an d'Resultater vu senger Etude goufen am Nohaltegkeetsministère presentéiert.
Unhand vu Satelittebiller huet hien sech d’Liichtverschmotzung an all de Gemengen hei am Land ugekuckt. Allgemeng kann ee soen dat et am Süden méi "hell" ass wéi am Norden, respektiv dat et do méi beliicht ass, duerch Stroossebeliichtung, Geschäfter, Parkplazen etc. D‘Stad Lëtzebuerg ass dobäi mat Ofstand am "hellsten".

Duerch déi onnéideg Beliichtung, belaaschten 20 Prozent vun de Lëtzebuerger Gemengen d’Ëmwelt. Op deene concernéierte Plazen ass et esou hell, wéi wann Nuets zweemol de Vollmound géif schéngen.

Den Dr Lukas Schuler:

Negativ falen dem Expert och Autobunnstankstellen, Fussballsterrainen, Industriezonen a souguer e Prisong op. Liichtquelle géifen net efficace agesat ginn, et géif méi Surface beliicht gi wéi noutwenneg wier.

Dem Expert no solle Fussballsterrainen zum Beispill mat asymmetresche Liichtquellen beliicht ginn, et soll just den Terrain beliicht ginn a net méi. Dat selwecht gëllt och fir Denkmoler, wou et méi sënnvoll wier vun uewen no ënnen ze beliichten. An et sollt een op kaalt Liicht verzichten, a méi waarmt Liicht asetzen.

D’Resultater hëllefen d’Situatioun vun der Liichtverschmotzung op nationalem wéi och kommunalem Niveau besser anzeschätzen. Sou weess een elo wou de Problem am gréissten ass, an et kann een geziilt eppes dogéint ënnerhuelen.

Et géif net drëms goen d’Liicht einfach auszemaachen, mä d’Liicht méi efficace ze notzen, ouni dat de Komfort verluer geet, esou den Ëmwelt-Staatssekretär Camille Gira.

Op Basis vun der Etude an den Recommandatiounen gëtt elo ee Guide ausgeschafft. Un dësem sou genannten Leitfaden kënnen sech d’Verwaltungen, d’Gemengen an aner Acteuren orientéieren an eppes géint d'Liichtverschmotzung maachen.

Een Aarbechtsgrupp géif och d'Méiglechkeet vun enger gesetzlecher Regelung ënnersichen. Méiglech wier zum Beispill ee Beliichtungsverbuet vun enger gewëssener Auerzäit un, esou de Camille Gira weider.

Ee konkrete Projet gëtt et schonns vun der Stad Lëtzebuerg. Sou soll ënnert anerem d’Festungsmauer an Zukunft eng nei a méi efficace Beliichtung kréien.