Wéi mir vum Staatsministère konfirméiert kruten, soll de Gesetzesprojet iwwert déi anonym SIM-Kaarten schonn am Mee kënne gestëmmt ginn.

Zënter de Paräisser Uschléi am November 2015 gouf jo e Gesetzprojet vun der Regierung an d'Weeër geleet, deen alleguerten déi anonym SIM-Kaarten déi nach hei am Land zirkuléieren ze desaktivéieren.

Wéi mir op Nofro aus dem Staatsministère um Mëttwoch Nomëtteg gesot kruten, géifen et nach eng Rei méi kleng Amendementer zu dësem Gesetzprojet ginn, allerdéngs kéint d’Gesetz am Mee scho gestëmmt ginn.

Dono muss een seng SIM-Kaart dann ugemellt hunn bei sengem Operateur, soss gëtt dës no enger kuerzer Zäit desaktivéiert.

De Pierre Goerens, de Conseiller an der Direktioun „Communications électroniques“:

De Pierre Goerens