Zanter der Grënnung vum Kanner- a Jugendtelefon am Joer 1992 koumen ëmmer méi Servicer bäi. Dat geet aus dem aktuelle Joresrapport ervir.

Dësen Dënschdeg gouf de Joresrapport vum Kanner- a Jugendtelefon fir d'Joer 2017 presentéiert. Nieft dëser Helpline fir Kanner a Jugendlecher, déi 1992 gegrënnt gouf, koumen am Laf vun de Joren ëmmer méi Servicer bäi.

Zanter 2010 huet d'Zuel vun de Kontakter vum Kanner- a Jugendtelefon mat Ausnam vun 2013 nëmme liicht geännert a louch d'lescht Joer bei 756 Uriff.

E bësse méi staark hunn sech awer déi aner Servicer entwéckelt. Deemno gouf de Service Online Help 208 mol kontaktéiert. Den Elterentelefon huet 176 Kontakter verzeechent an nëmmen d'Bee Secure Helpline ass par Rapport zu 2016 ëm 62 Kontakter erofgaangen, dat op 225 d'lescht Joer.

D'Entretienen hu virop an deene meeschte Fäll déi psychesch a psychosozial Gesondheet betraff. Op déi 2. Plaz koumen Uriff, bei deenen net geschwat ginn ass oder direkt agehaange ginn ass. Op Plaz 3 a 4 koume Relatioune mat Persounen am selwechten Alter a Problemer an de familiäre Bezéiungen.