An der Nuecht op en Dënschdeg goufen eng Rëtsch Autoen, déi mam sougenannten "Keyless-System" equipéiert sinn, geklaut.

Een Auto gouf zu Kruuchten an der Haaptstrooss geklaut. Et handelt sech hei ëm e schwaarze BMW X5 M50d mat de lëtzebuergesche Placken TM1226. Da goufen och nach héichwäerteg SUVe gelaut, déi viru Garagen oder Haiser stoungen. Hei handelt sech ëm d'Modeller BMW X5M a BMW X6

D'Police mécht de Rappell, datt esou e System beléift bei Déiwen ass. Ass de Schlëssel an der Géigend vum Auto, wier et immens einfach, d'Gefier opzespären.

Deemno soll een de Schlëssel net an d'Géigend vun der Entrée leeën oder an e speziellen Safe maachen, duerch deen d'Funksignaler gestéiert ginn.

Eng aner Méiglechkeet ass et, de Schlëssel a Sëlwerpabeier ze leeën, sou kéint d'Signal ofgeschwächt ginn.