Mat 12 confirméierte Fäll bis den 28. Mäerz gëtt et zu Lëtzebuerg effektiv de Moment eng kleng Epidemie vu Riedelen.

Dëst äntwert de Gesondheetsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Nancy Arendt.

Bei den Infizéierte géif et sech virun allem ëm Kanner a Jugendlecher handelen, déi net oder net richteg geimpft waren.

D'Riedele wieren iwwerdeems vun engem Lëtzebuerger Schüler ageschleeft ginn, deen a Frankräich an der Schivakanz war. Déi aner hätten sech dunn no an no ugestach.

Iwwerdeems géif een sech de Moment als Regierung net fir eng Impfflicht asetzen.